Bicher an hier Zitater

Kënnt Iech dat bekannt vir?

Wanns du heefeg Passagen an dengem Buch mat Lieszeechen markéiers, da bass du ee richtege Bichergeck. D’Bicherwelt hunn e puer wonnerbar Statements erausbruecht. Wa mir liesen tauche mir e friem Welten. Bicher bréngen eis zum Laachen an zum Kräischen. Si fesselen eis esou, datt mir se net méi aus der Hand leeë kënnen. Zitater weisen eis, wéivill Denker, Schrëftsteller an Philosophen där selweschter Meenung waren. Dobäi ass et egal ob d’Zitater vum Stephen King, dem William Shakespeare oder aneren Schrëftsteller stamen. A genee dofir fannt Dir hei eng kleng Sammlung mat de beschte Spréch vun eisen Romanhelden an Autoren.

• Bicher sinn eng eenzegaarteg drobar Magie.“ (Stephen King)

• „Mäi beschte Frënd ass ee Mënsch, dee mir ee Buch gëtt, wat ech nach net gelies hunn.“ (Abraham Lincoln

• „Verschidde Bicher loossen eis fräi an e puer Bicher maachen eis fräi.“ (Ralph Waldo Emerson)

• „D’Bildung kënnt net vum Liesen, mee iwwert d’Nodenken vum Buch.“ (Carl Hilty)

• „Ee Liewen ouni Bicher ass ewéi eng Kandheet ouni Märchen, ass ewéi eng Jugend ouni Léift, ass ewéi een Alter ouni Fridden.“ (Carl Peter Fröhling)

• „Ee Kand ass ee Buch, aus deem mir liesen an an dat mir schreiwe sollten.“ (Peter Rosegger)

• „Joeren léieren eis méi ewéi Bicher.“ (Aristoteles)

• „Wat nëtzt et dem Mënsch, wann e liesen a schreiwe geléiert huet, mee d’Denken aneren iwwerléisst?“ (Ernst R. Hauschka)

• „Ee Klassiker ass ee Buch, wat d’Leit luewen awer net liesen. Ein“ (Mark Twain)
• „Wa mir ee Mann mat engem seelene Verstand begéignen, sollte mir hien froen, wéieng Bicher hien liest.“ (Ralph Waldo Emerson)

• „Liesen stäerkt d’Séil.“ (Voltaire)

• „Wien an der Zukunft liese wëll, muss an der Vergaangenheet bliederen.“ (André Malraux)

• „Fiktioun ass d’Wourecht an de Ligen.“ (Stephen King)

• „Liesen heescht mat engem frieme Kapp, aplaz deem eegenen ze denken.“ (Arthur Schopenhauer)

• „Wou huelen ech nëmmen all déi Zäit hier, esou vill net ze liesen?“ (Karl Kraus)

• „E Buch ass ee Geschenk, wats du ëmmer erëm opmaache kanns.“ (Garrison Keillor)

• „Liesen ass ee grousst Wonner.„ (Marie von Ebner-Eschenbach)

• „Een Zëmmer ouni Bicher ass ewéi ee Kierper ouni Séil.“ (Marcus Tullius Cicero)

• „Et geet eis mat Bicher ewéi mat de Mënschen. Mir maachen zwar vill Bekanntschaften, mee nëmmen wéineg ginn eis Frënn.“ (Ludwig Feuerbach)

• „Ee Buch ass een Zauberteppech, deen dech op eng aner Plaz flitt.“ (Jeanette Winterson)

• „De Fernsee bildet. Ëmmer wann deen un ass, ginn ech an een anert Zëmmer a liesen.“ (Groucho Marx)

• „Wanns du ee Gaart an dozou nach eng Bibliothéik hues, wäert et dir un näischt feelen.“ (Marcus Tullius Cicero)

• „Ee Buch ass ee Spigel, wann een Af erakuckt, da kann keen Apostel erauskucken.“ (Georg Christoph Lichtenberg)

• „Wie wenig du gelesen hast, wie wenig du kennst – aber vom Zufall des Gelesenen hängt es ab, was du bist.“ (Elias Canetti)

• »Wien net u Magie gleeft, wäert se nimols entdecken.« – Roald Dahl

• »Et gesäit een nëmme mam Häerz gutt. Dat wesentlecht ass fir d’Aen onsiichtbar.« – Antoine de Saint-Exupéry aus Der kleine Prinz

• »Et war ee schéinen Ausklang fir de schéinsten Dag vu mengem Liewen. – John Green aus Eine wie Alaska

• »Well Zäit ass Liewen. An d’Liewen wunnt am Häerz.« –Michael Ende aus Momo

• »Vun alle Welten, déi de Mënsch erschaf huet, ass déi vun de Bicher am Gewaltegsten.« – von Heinrich Heine

• »Do wou ee Bicher verbrennt, verbrennt een schlussendlech och Mënschen.« – von Heinrich Heine

• »Keen gutt Buch oder iergend eppes Guddes weist seng gutt Säit fir d’éischt.« –Thomas Carlyle

• »Wann et ee Buch gëtt, wats du wierklech liese wëlls, awer nach net geschriwwe gouf, dann muss du et selwer schreiwen.« -Toni Morrison

• »»Mënsche sinn ewéi Bicher«, sot hien roueg. » Baussen steet de Klappentext a wann een se opmécht, kann een se ganz liesen.« – von Carina Bartsch aus Nachtblumen

• »Wanns du eppes erreeche wëlls, lies sou vill, wéis de nëmme kanns.« – Roald Dahl
• „Näischt verscheucht béis Dreem méi séier ewéi d’Raschele vu bedrécktem Pabeier. – Cornelia Funke

• „Vun sengen Elteren léiert ee laachen, trëppelen a liewen. Awer eréischt wann een mat Bicher a Beréierung kënnt, entdeckt een, datt ee fléie kann.“ – Helen Hayes

• „Wann et mir schlecht geet, ginn ech net an d’Aptikt, mee an ee Bichergeschäft.“ – Philippe Dijan

Wat ass Äert Liiblingszitat? Hannerloosst et gären an de Kommentarer, da schreiwen ech et an dës Sammlung. Ech freeë mech.