Meng Bicher

Lieweg

„Wann et wierklech Himmel an Häll gëtt, da weess ech, wou d’Häll ze fannen ass: Bei mir doheem. Den Himmel ass d’Erléisung.“
D’Laura ass depressiv. D’Sich nom Ausléiser féiert hatt a seng traumatesch Vergaangenheet. Hëllefe seng Erënnerungen him, d’Liicht an der Däischtert ze gesinn?


Karma

D’Fanny huet seng beschte Frëndin Ann ëmbruecht – et war awer net vu Muttwëll! Säi schlecht Gewësse péngegt déi jonk Fra. Hatt fillt sech bedreet … Kann et tatsächlech sinn, dass et en Zeie vum Muerd gëtt? Oder bilt hatt sech dat nëmmen an? Ewéi geet d’Fanny mat där Geschicht ëm? Fannt et eraus! Liest och d’Bonusgeschichten. Ausserdeem hunn ech Iech eng Playlist zesummegestallt – fannt eraus, wéieng Lidder mech wärend dem Schreiwen begleet hunn.


Vicky

D’Vicky ass duerchgedréit. Vun engem Ament op deen aneren gëtt hatt an d’Psychiatrie agewisen. Well hatt net schwätze wëll, kritt hatt een Notizblock fir sech auszedrécken. Elo stellt sech d’Fro – sinn nëmme seng Nerve mat him duerchgaangen oder ass hatt ee richtege Psycho?


Eng Fro? Loscht op ee Buch?

Wann de Klappentext Iech virwëtzeg gemaach huet, kënnt Dir Iech roueg bei mir mellen fir een signéiert Exemplar ze kréien. Ech krozelen awer just dran, wann dat och an Ärem Sënn ass.


Loscht nei Welten kennenzeléieren?

Weider Informatiounen sinn hei ze fannen.