Zitater vum Prënz, dem Pu an dem Alice

Déi grouss Themen vum Liewen – ewéi Léift a Frëndschaft goufen an der wonnerbarer Geschicht vum zäitlose Klassiker „Klenge Prënz“ niddergeschriwwen. Hien weist eis a sengen Zitater ewéi wäertvoll d’Liewen ass an datt mir et genéisse sollen.

• „Wat vergaangen ass, ass vergaangen, an du weess net, wat d’Zukunft dir brénge wäert. Mee d’Géigewaart, den Hei an Elo gehéiert dir.“

• „Heiansdo mécht et jo wuel näischt aus, wann een seng Aarbecht op méi spéit vertässelt.“

• „Et ass vill méi schwéier iwwert sech selwer ze uerteelen, ewéi iwwert sech selwer.“

• „All grouss Leit sinn eemol Kanner gewiescht (mee déi mannsten erënneren sech drun).“

• „Du weess dach, wann een uerg traureg ass, huet een gär, wann d’Sonn ënnergeet.“

Och wann den Antoine de Saint-Exupéry éischter ee Beruffspilot war, verbannen déi meescht vun eis mat dem berüümten Fransous seng Literatur.
„Wien seng Zukunft baue wëll, muss an der Géigewaart liewen.

„Geradeaus kann man nicht sehr weit kommen.“
– Zitat aus „Der Kleine Prinz“ –

„Alle großen Leute waren einmal Kinder, aber nur wenige erinnern sich daran.“
– Zitat aus „Der Kleine Prinz“ –

„Der ist ein Narr, der sich an der Vergangenheit die Zähne ausbricht,
denn sie ist ein Granitblock und hat sich vollendet.“

„Fir kloer ze gesinn, geet et dacks duer d’Bléckrichtung ze wiesselen.“

„Frënn sinn ewéi Gäert an deenen een sech ausroue kann.“

„Wanns du d’Gléck verstoe wëlls, muss du et als Loun an net als Zil gesinn.“

„Bei enger Käerz ass net de Wues wichteg, mee d“Luucht.“


Och de Pu Bär kennt vill Spréch vun deene mir eppes léiere kënnen.

„Fierkel: Wéi buchstabéiert een Léift?
Pu: Et buchstabéiert een se net, et fillt een se.“

„Heiansdo sinn et déi klengste Saachen, déi déi meeschte Plaz an dengem Häerz anhuelen.“

De Pu zum Christopher Robin: „Verspriech mir, datts du mech ni vergiessen wäerts, well wann ech dat denken, wäert ech ni goen.“

Pu: „Du kann net ëmmer an dem Eck vum Bësch bleiwen an dorop waarden, datt déi aner zu dir kommen. Du muss och heiansdo bei si goen.

Den Iesel: „Déi Saachen, déi mech anescht maachen, sinn déi Saachen, déi mech ausmaachen.“

„Flëss wëssen, datt et keng Hetz gëtt. Mir wäerten enges Dages do sinn.“



„Een Dag ouni een Frënd ass wéi een Dëppchen, ouni eng Drëps Hunneg dran.“

„Een Dag mat dir ass mäi Liiblingsdag. Also ass haut mäin Liiblingsdag.“

Jiddwereen kennt d’Geschicht vum Alice im Wunderland – d’Kannerbuch gehéiert zu den absoluten Klassiker vun der Weltliteratur. An dësem Meedchen stécht eng ongewéinlech Intelligenz.

„Ech hunn ëmmer geduecht, d’Zäit wär een Déif, deen mir alles klaut, wat ech gären hunn. Awer elo weess ech, datt si gëtt, ier se hëllt an an all Dag ass ee Geschenk. All Stonn. All Minutt. All Sekonn.“

„Dat Onméiglecht ze schaffen, geléngt engem nëmmen, wann een et fir méiglech hält.“

„Alice, et däerf een säi Liewen net no anere riichten. Du eleng muss d’Entscheedung treffen.“


Alice: „Dat ass onméiglech …“
„Nëmmen, wann een net dru gleeft!“

„Ech sinn net verréckt. Meng Realitéit ass einfach aneschter.“