Iwwert mech, seet de Geck …

Wien sinn ech?

Mäin Numm ass Jessica, ech hunn 40 Joer, Stärzeechen Jongfra an ech sinn begeeschterte Lieser a Schreiwer. Dëst war ëmmer meng Passioun. Allerdéngs geet et no engem Hiereschlag net méi esou gutt, ech hunn de Blog opgemaach, fir meng Gehierzellen ze trainéieren an erëm a Form ze kommen. An Zukunft sinn hei Buchbespriechungen an Interviewen vun Schrëftsteller ze fannen. Ech liesen eigentlech alles – soulaang et keng Kach- oder Sachbicher sinn. Mäi Mann a meng dräi Kanner ënnerstëtzen mech bei mengem Hobby. Meng Liiblingsfaarf ass gréng (an heiansdo rout) a well ech bal daf sinn, lauschteren ech keng Musek. Gutt, ech hunn Ouerenapparater, ma ech verdroen de Kaméidi leider net. Ech hunn keen Bezuch zu der Musek, ech liesen ëmmer d’Lyrics. Des weideren halen eis zwee Kuederen, de Spooky an den Charlie mech op Trab – och wann ech dacks d’Gefill hunn, ech wär hiren Büchsenöffner. Ech hunn zwee Bicher geschriwwen an deenen ech meng Vergaangenheet verschafft hunn, ma well meng Fantasi esou grouss ass, hunn ech och zwee kuerz Psychothriller geschriwwen. Déi sinn op Amazon (oder bei mir) ze fannen.

Meng Visioun

Meng Visioun ass et, der Jugend – oder de Mënschen am allgemengen d’Bicherwelt méi no ze bréngen. Ech fannen leider, datt vill ze wéineg gelies gëtt. Ech wëll mäi klengen Deel dozou bäidroen, datt sech dat villäicht e bëssen ännert. Et gëtt esou vill ze entdecken, et ass wierklech derwäert. Et gëtt fir jiddwereen dat richtegt Buch, et muss een et just fannen.

Meng Bicher

Mäi Buch „Wee geet Pappa eng Béier sichen“ ass ënnert dem Pseudonym Sandra B. erauskomm a leider net méi ze kréien. D’Buch Lieweg ass bei den Editions Schortgen erauskomm, duerch d’Covid-Pandemie ass dat leider e bëssen ënnergaangen. Jo an dann hunn ech nach zwee Psychothriller geschriwwen. Dat waren awer bestëmmt net meng lescht Bicher, ech hunn nach vill Iddien!

An der Press

Ech sinn och well an der Press ernimmt ginn – ënnert anerem am Autorenlexikon oder an engem Interview mam RTL. Mam bekannten Literaturkritiker hunn ech viru Joren op Youtube (mat aneren Blogger) iwwert Bicher diskutiert, d‘Videoen sinn nach ëmmer um Streamingdéngscht ze fannen.

Wat mir leed deet

Ech hat viru Joren schonn ee Bicherblog, mee well ech eng fest Aarbecht als Journalistin kritt hunn, war ech esou domm (oder naiv) an hunn e geläscht. D’Aarbecht hunn ech leider verluer, ma aus Feeler léiert een jo bekanntlech.