Fraen un d'Muecht! Stelle mir eis mol vir, datt d'Fraen sech veränneren. Si entwéckelen een zousätzlecht Organ, mat deenen si Stroumstéiss ausstraalen kënnen. Benotzen si et fir sech ze verteidegen? Oder fir d'Muecht?An dësem dystopeschen Roman mussen Fraen aus den ënnerschiddlechen Gesellschaftsschichten sech dës Fro stellen. Huet de Partner elo Angscht viru mir? Sinn ech… Weiterlesen Die Gabe vum Naomi Alderman
Schlagwort: Heyne
Blake
Den Timothy Blake ass een aussergewéinleche Profiler, ma wéinst sengem besonneschen Appetit gëtt hien net vum FBI bezuelt. Hien schafft inoffiziell fir - am Géigesaz drécken si alt mol een A (oder zwee) zou. Ech muss zouginn, datt de Charakter zimmlech charmant ass, hien kritt jiddwereen ëm de Fanger gewéckelt. Hien schafft dacks mat der… Weiterlesen Blake
Holly vum Stephen King
Endlech huet dat neurotescht Holly aus dem Stephen King senge fréiere Bicher een eegent Buch an eng eegen Aventure kritt. Eigentlech geet et him moralesch net gutt, mee ee Meedchen ass verschwonnen - an hatt wëll hëllefen. Bei senge Recherchen fënnt hatt eraus, datt et net déi éischt vermësste Persoun ass. Et ginn awer keng… Weiterlesen Holly vum Stephen King
Kälte vum Tom Rob Smith
Kälte ass ee vun deene beschten dystopeschen Thriller, déi ech bis elo gelies hunn. D'Geschicht spillt sech an noer Zukunft of. Enges Dages sinn elauter Raumschëffer um Himmel, hiere Message ass an all Sprooch d'selwecht.Gitt esou séier ewéi méiglech an d'Antarktis. Wien et net schafft, iwwerlieft net. Ee Kampf ëm Liewen an Dout geet un.… Weiterlesen Kälte vum Tom Rob Smith
Upgrade vum Blake Crouch
Wien Science-Fiction gäre liest, kënnt net laanscht dem Blake Crouch seng fantastesch Bicher. An dëser Geschicht kënnt den Agent Logan mat enger komescher Substanz a Beréierung. Dat ass eigentlech net fir sech Gedanken ze maachen, mee mat der Zäit bemierkt hien ënnerschiddlech Verännerungen. Seng Sënner schaffe besser, hien ass méi intelligent a fit. Stellt sech… Weiterlesen Upgrade vum Blake Crouch
November vum Thomas Olde Heuvelt
November ass een Horrorbuch ewéi aus dem Billerbuch. D'Handlung spillt sech an deem flotten Eck Lock Haven of. Jiddwereen ass gesond a monter, d'Kanner sinn richteg Intelligenzbestien. Ma alles huet säi Präis. No Halloween ginn d'Familljen an de Lockdown, dat Béist ass op der Sich no engem fräiwëllegen Affer. Et ass d'Häll op Äerden. Normalerweis… Weiterlesen November vum Thomas Olde Heuvelt
End of Men vum Christina Sweeney-Baird
D'Buch End of Men aus dem Heyne Verlag ass een dystopeschen Thriller, bei deem d'Männer am Joer 2025 de Kierzeren zéien. Se ginn krank a stierwen, nëmmen e puer vun hinnen sinn immun. Wat wier eng Welt ouni Männer? Hm, de Klimawandel gëtt zréck, Bevëlkerung och - dat ass jo eigentlech positiv. Oder? Dobäi lieft… Weiterlesen End of Men vum Christina Sweeney-Baird