Spréch, déi däi Liewe veränneren

Wanns du gëss, pass op datts du dech net selwer opgëss.

Du brauchs kengem däi Wäert ze beweisen. Deen eenzege Mënsch ob deens du stolz solls sinn, bass du.

Aller wourunner s du denks, gëtt iergendwann een Deel vun dir. Wëlls du Angscht sinn oder Mutt?

Mënschen, déi dech veruerteelen, wanns du Grenze setz, sinn déi, déi et sech zum Virdeel gemaach hunn, datts du keng haass.

Nëmme wëlls du ee Feeler gemaach hues, bass du selwer keen. Du bass ee Mënsch, dee geléiert huet, sech nei ze entscheeden. Sief houfreg op dech.

Däi Wäert gëtt net vun deene bestëmmt, déi dech net gäre kënnen hunn.

Net alles wats du verléiers, ass ee Verloscht.

Léier „Nee“ ze soen, ouni ze erklären firwat.

Een Neiufank ass keng nei Plaz. Et ass een neie Gedanken, eng nei Astellung an een neien Horizont an dir.

Denk haut un dat, wats du hues, aplaz un dat wat dir feelt. Fir wat bass du dankbar?

Du wäerts keen Fridden an dir fannen, wanns du Krich mat dir féiers. Du bass gutt a richteg.

Wanns du net u Wonner gleefs, gleef un dech selwer.

Manner op negativ Mënschen reagéieren, heescht méi glécklech ze sinn.

D’Fro ass net firwat, mee, firwat net!

Sief dat Virbild, wats de gebraucht häss, wéis du méi jonk wars. Sief dir an der Welt dëst Virbild.

Sich net nom Gléck, wous du et verluer hues.

Et zielt net, wiens du wars, et zielt wiens du haut bass a muer kéinst sinn.

Hei ass eng Lëscht mat de Saachen, déis du maache muss, fir datt een dech gären huet.
1. Näischt

Wat anerer iwwert dech denken, seet méi iwwert si ewéi iwwert dech.

Déi mat deenen s du am Häerz verbonne bass, kënnen dech héieren, wanns du roueg bass.

Et ass ok, wann net jiddwereen frou mat dir ass. Déi meeschte Mënschen kënnen sech selwer net leiden.

Verléier dech net a Mënschen, déi selwer verluer sinn.